40 Prozent méi Personal bei den CFL bis 2035

An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum nationale Mobilitéitsplang (PNM2035) z’erreechen. Am ganze Grupp CFL schaffe ronn 5000 Leit, dat wieren also insgesamt gekuckt 2000 Leit méi (Passagéierverkéier a Cargo). Deemno missten d’CFL ab elo all Joer am Schnëtt 200 nei Leit astellen, fir d’Zil z’erreechen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi deelen sech d’Personal bei den CFL op tëschent dem Passagéierberäich an dem Fret? 

  2. Wéi vill Persounen sinn iwwert déi lescht 3 Joren bei den CFL am Passagéierberäich agestallt ginn, opgelëscht no Joer?

  3. Wéi vill Persounen hunn iwwert déi lescht 3 Joren d’CFL am Passagéierberäich verlooss (Pensiounen, Kënnegungen, Wiessel an de Fret, etc.), opgelëscht no Joer?

  4. Wéi wëll d’Ministesch dofir suergen, dass d’CFL ronn 200 Persounen pro Joer astellen?
    Wéi eng Virdeeler wäert d’CFL am Vergläich zu anere Verwaltungen kënne bidden?
    Wéi dréit d’CFL hei den Ëmstänn um Aarbechtsmarché Rechnung, dass beim Staat a verschiddene Verwaltungen och massiv rekrutéiert gëtt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 589

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt