Mëssstänn beim Service Kameraiwwerwaachung bei den CFL

An engem Tageblatt-Artikel vum 4te Mäerz gouf iwwert Mëssstänn beim Service vun den CFL beriicht, dee fir d’Videoiwwerwaachung an den Zich souwéi de Garen zoustänneg ass. Wéi d’Direktioun vun den CFL an enger Pressekonferenz erkläert huet, ass de Service do, fir mat der Police zesummenzeschaffen. De Service soll selwer Infraktiounen mellen oder der Police an dem Parquet op Demande Biller zur Verfügung stellen. “Die Kameras seien hauptsächlich da, um den Passagieren ein Sicherheitsgefühl zu vermitteln und das Material der Polizei zur Verfügung zu stellen.” (Tageblatt 5/3/2024)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet Police an de vergaangene 5 Jore Kamerabiller beim Service BMS ugefrot a krut?

  2. Wéi oft huet de Service BMS an de leschte 5 Joren op eegen Initiativ der Police oder der Justiz Saache gemellt?

  3. Wéi vill Disziplinarverfahren (OG10) goufen et an de leschte 5 Jore beim Service BMS?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 428

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene