Dat neit Mietgesetz riskéiert d’Wunnen zu Lëtzebuerg nach méi deier ze maachen!

2020 hat de Minister fir Wunnengsbau eng Ännerung vum Mietgesetz virgestallt (Projet de Loi 7642). Dëse Projet war ufanks begréissenswäert, hat en dach souguer d’Iddi vun de Piraten opgegraff, fir de Mechanismus vun den automatesche Kontraktverlängerungen zugonschte vum Locataire unzepassen (Gesetzesvirschlag 7503 Piraten). Duerno war et fir eng laang Zäit roueg ëm den Dossier vum neie Mietgesetz.

Bis dësen Oktober, wou de Minister dann nach eng Kéier nogeluecht huet mat enger Reform vum Plaffong vun de Loyeren, dee vu 5% op 3,5% erof geet. “Hurra!” kéint een als Locataire mengen.  

Mir bremsen d’Euphorie: déi Reduktioun bréngt wéineg, well de Minister gläichzäiteg higeet an d’Formel fir d’Bewäertung vun de Wunnengen esou wëll änneren, dass dat investéiert Kapital un déi haiteg Wunnengspräisser ugepasst ginn. Wunnengspräisser, déi sech zënter dem Amtsuntrëtt vun der Regierung Bettel (2013) méi wéi verduebelt hunn!  

Et ass fahrlässeg vum grénge Minister, sech op d’Maartpräisser vu engem Wunnmarché ze baséieren, deen definitiv ausser Kontroll geroden ass. Aplaz d’Präisser um Wunnengsmaart ze bremsen, wäerten d’Moossnamen dozou bäidroen, dass den Investment an de Logement fir räich Leit nach méi lukrativ gëtt.

Grad bei méi alen Immobilien, an déi net vill investéiert gouf, féiert dës Formel dozou, datt deelweis vill méi héich Loyeren dierfe gefrot ginn, wéi dat bis elo legal de Fall ass. Ee Rechebeispill hei drënner weist dat ganz gudd :

 D’Rechebeispiller baséieren op de Calculatricen, déi op logement.lu disponibel sinn : Simulateur logement.lu. Weider Beispiller fannen sech an der Note explicative vun der proposéierter Reforme – Beispiller, bei deene mat der neier Formule de Loyer ëmmer méi héich wier wéi ouni Reform !

 

D’Henri Kox-Formel ass net am Interessie vun de Locatairen a Primo-Acquéreuren a verschäerft weider de Problem vum Accès zu abordabelem Wunnraum! D’Reduktioun vum Plaffong ass eng Niwwelkäerz, déi d’Ännerung vun de Koeffizienten iwwertünscht. Dës Weidere sinn déi nei Koeffizienten aus der Formel guer net méi am Aklang mat de Koeffizienten, déi beim Verkaf vun enger Wunneng fir d’Plus-Value gëllen.

Eise Fazit : déi aktuell Propose vum Wunnengsbauminister ass ganz kloer ee Kaddo fir Investoren a Groussgrondbesëtzer !

D’Piraten fuerderen eng fair Logementspolitik, wou d’Locatairen, Primo-Acquéreuren a kleng Proprietären an de Mëttelpunkt gestallt ginn an net Reforme proposéiert ginn, déi als zentraalt Motiv hunn, fir dem Investor säi “capital investi” ze rentabiliséieren. De maximale Loyer misst – anescht, wéi d’Regierung et virgesäit – onofhängeg vum Marchéspräis vun den Immobilië gerechent ginn, fir eng weider Präisspiral no uewen ze verhënneren !

 

PDF lëtzebuergesch Versioun

PDF Version française

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,