Laut dem Aktivitéitsbericht 2024 vum Sportsministère sinn am Joer 2024 insgesamt 2.190.049 € fir d’Fonctionnementskäschte vun de sougenannten „Centres nationaux“ bezuelt ginn, dovunner 290.161€ fir de Remboursement vu Fraisen, déi vun de Federatioune virgestreckt gi sinn, an 1.899.888€ fir Ausgabe vun den Entitéiten aus dem Gemengesecteur.
Laut dem Gesetz vum 21.Juli 2023 betreffend den 12. Fënnefjoresplang vun de sportlechen Infrastrukturen, wat de 6. August 2023 a Kraaft getrueden ass, misst eng national Infrastruktur, déi mat bis zu 70% subsidéiert ka ginn, esouwuel beim Bau ewéi bei de Fonctionnementskäschten, prioritär fir d’Notze vun den agreéierte Sportfederatioune reservéiert sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Minister en Tableau präsentéiere vun de Joren 2022 bis 2024 mat den detailléierte Montante pro „Centre national“ mat der Präzisioun, op dës Fraise vun enger Federatioun avancéiert gi sinn (opgeschlësselt no Federatioun) respektiv un eng Gemeng oder e Gemengesyndikat (opgeschlësselt no Gemeng/Gemengesyndikat) zréckbezuelt gi sinn?
-
Ass de Minister der Meenung, dass et am Sënn vun enger méi grousser Transparenz wichteg wier, esou een detailléiert Tableauen all Joer am Aktivitéitsbericht vum Sportsministère ze publizéieren?
Wa jo, wäert dëst dann am Aktivitéitsbericht vun 2025 de Fall sinn? -
Un wat fir eng Instanze sinn déi ëffentlech Gelder bei de follgenden „Centres nationaux„ bezuelt ginn a wat ass am Detail do genau bezuelt ginn?
• Centre national escrime
• Centre national sports de glace
• Centre national squash
• Centre national golf
• Centre national parachutisme -
Am Vergläich zu 2023 sinn de “Centre national de tennis” an de “Centre national de tir à l’arc indoor” ewech gefall respektiv de “Centre national golf” an de “Centre national parachutisme” dobäikomm. Wéi ass dëst ze erklären?
-
Ass de Minister der Meenung, dass déi néi Definitioun vun nationalen Infrastrukturen aus dem Gesetz vum 21.07.2023 op all des „Centres nationaux“ passt oder misst hei d‘Terminologie ugepasst ginn? Wéi steet dat a Relatioun mam „Centre national golf” a mam „Centre national squash” déi jo wëssentlech net prioritär fir déi jeeweileg Federatioune reservéiert sinn?
-
Ass et enger Federatioun erlaabt op engem „Centre national“ kommerziell Sportsaktivitéiten unzebidden? Wa jo, gëtt dëse Recetten da bei de jeeweilegen Decomptë Rechnung gedroen?
-
Wéi ass aktuell de Stand bei de follgenden „Centres nationaux“?
• Centre national kayak zu Dikrech, deen et elo schonn zanter 2017 gëtt
• Centre national aviron
• Centre national beachvolleyball
• Centre national tennis
• Vëlodrome -
Sinn nach weider “ Centres nationaux” a Planung? Wa jo, wat fir eng wieren dat?
QP Nummer 2144