Centre de dépistage pour la Covid-19 supplémentaire à Pétange

Déi nächste Woche sollen op verschidde Platzen am Land, zousätzlech Covid-Teststatiounen opgemaach ginn. Esou soll, zum Beispill, d’nächst Woch een néien Drive-in Zenter zu Stoossen opgoen. Duerch dës Mesure sollen d’Waardezäite fir d’Covid-Tester reduzéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ronderëm d’Gemeng Péiteng wunnen ëm déi 50’000 Mënschen. D’Gemeng läit un der Belscher a Franséischer Grenz, wat och eng Chance op ee verkierzte Wee bei eng Teststatioun fir d’Frontaliere géing bedeiten. Dobäi kënnt, dass et mam Site vum Projet Carena (Autokino) an der rue Eucosider, eng grouss fräiräumeg Platz gëtt, wou esou eng Teststatioun genuch Platz hätt.   Wat fir eng Positioun vertrëtt d’Madamm Ministesch vis-à-vis vun enger zousätzlecher Teststatioun zu Péiteng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3080

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt