ACCOUNT

Cellule de réaffectation

De Reclassement interne funktionéiert beim Staat iwwert d’Cellule de réaffectation. Hei waarde Fonctionnairë respektiv d’Agenten op eng nei Plaz an enger aner Administratioun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune sinn am Moment an der Cellule de réaffectation ageschriwwen?

  2. Wéi laang sinn dës Persounen an der Moyenne ageschriwwen?

  3. Wéi huet d’Unzuel u Leit sech an deene leschten 8 Joer entwéckelt (opgelëscht no Joer)?

  4. Wéi vill Entretiene kruten déi Ageschriwwen an der Moyenne proposéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5185

Zesummenhang posts

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit.  An