Cell-Broadcast

 No de massiven Iwwerschwemmungen am Joer 2021 hat déi deemoleg Inneministesch ugekënnegt, dass d’Warn-App Gouvalert wärend den Onwiederen un hier Grenze gestouss war an dass een an Zukunft wëll d’Handysbenotzer iwwert SMS (Cell-Broadcast) warnen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 4732 hat déi deemoleg Regierung erkläert:
“”De Cell Broadcast huet de grousse Virdeel, datt d‘Biergerinnen a Bierger näischt mussen eroflueden an d’Couverture vill méi grouss ass wéi bei enger App. An déi Richtung soll och de Warnsystem zu Lëtzebuerg evoluéieren, mam Fokus op eng multikanal Warnung […].””

Kommunikatiouns-Experten an Däitschland rode schonn zënter de 90er Jore, fir Warnunge per Cell-Broadcast un d’Leit ze schécken. Een Artikel op tagesschau.de vum 20te Juli 2021 erkläert de Cell-Broadcast a kuerze Wierder esou:
“”Das ist wie ein Streuschuss an alle Geräte im Empfangsbereich eines Mobilfunkmastes.” Auf diese Weise können Menschen in einer bestimmten Region zielgenau mit Warn-Hinweisen versorgt werden.”

Dës Woch goufen et op verschiddene Plazen hei am Land erëm eng Rei Iwwerschwemmungen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’Sms-Noutwarnungen iwwert Cell-Broadcast wärend den aktuellen Iwwerschwemmungen op alle Plazen hei am Land funktionéiert? Falls nee, wou net?

  2. Ass de System vum Cell-Broadcast Stand haut komplett funktionell an entsprécht de Krittäre vun engem performante Warnsystem?

Fro n°146

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt