CCSS Affiliatioun am Transport Secteur

Duerch d’Akraafttriede vum EU Reglement 883/2004, dee virgesäit, dass eng Persoun net méi wéi 25% vu senger Aarbechtszäit ausserhalb vum Land vu sengem Employeur dierf schaffen, koum et zu grousse Veronsécherungen am Transport-Secteur. De Reglement gouf och schonn am Abrëll/Mee 2021 vum LCGB an der Fédération européenne des travailleurs des transports kritiséiert. Eng Réi Chauffeure vu Bussen a Camionen hunn hier Affiliatioun bei der CCSS duerch dëse Reglement verluer.  Elo ass et esou, dass de Reglement awer och eng Ausnam virgesäit. Wann sech Memberstaaten nämlech entscheeden, fir ee bilateralen Accord an deem Sënn anzegoen, kënnen d’Chauffeuren am Land vum Employeur verséchert bleiwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’ Fro n°3932 huet den virreschte Minister erkläert:  “Lëtzebuerger Autoritéite [haten] scho bei Akraafttriede vum Reglement 883, also viru ronn 11 Joer, Kontakt mat de Nopeschlänner opgeholl fir en Accord ze fannen, deen eng dauerhaft Léisung fir den Transportsecteur wär. Dës gouf awer vun de verschiddene Länner refuséiert. Zënterhier huet sech d’Positioun vun deene Länner och net grondleeënd geännert ewéi d’Echangen op verschiddenen Niveauen iwwer déi lescht Joren erginn hunn.” Steet de Minister weiderhi mat sengen Homologen a Kontakt, wat een Accord zum Reglement 883/2004 ugeet, a ginn hei weider Efforten an dës Richtung gemaach? 

  2. Wéi vill Chaufferen hunn hir Affiliatioun bei der CCSS opgrond vun dësem Reglement verluer? Konnten dës Persounen all an aneren Länner nei verséchert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5637

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen