Caritas: Sozialwunnengen

Iwwert d’Gestion locative sociale kann e:ng Propriétär:in Wunnraum un eng Vereenegungen verlounen, déi se dann um soziale Wunnengsmaart weiderverlount. D’Vereenegung garantéiert dobäi, d’Wunneng a Stand ze halen an anzesprangen, wann de Lokatär de Loyer net méi géif bezuelen. Zu de staatlech konventionéierte Partner fir d’Gestion locative sociale gehéiert ënnert anerem och d’Fondation Caritas Luxembourg Accueil et Solidarité a.s.b.l.
Verständlecherweis veronséchert de Finanzskandal bei der Caritas aktuell eng Rei Persounen, déi der ASBL hier Wunneng am Kader vun enger Gestion locative sociale zur Verfügung gestallt hunn. D’Wunnengsbesëtzer:inne froe sech, ob d’Caritas ugesichts vun enger eventueller Insolvenz nach zäitno de Loyer iwwerweise géif, am Fall, wou d’Locatairen de Loyer net méi géinge bezuelen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Pläng, fir sécherzestellen, dass eng Faillite vun der Caritas kee Verloscht vu sozialem Wunnraum mat sech brénge géif?

  2. Huet d’Regierung Pläng, fir sécherzestellen, dass am Fall vun enger Faillite vun der Caritas, d’Konditiounen an d’Ofsécherunge vun der Gestion locative sociale fir déi concernéiert Lokatären a Proprietären zu all Moment bestoe bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1113

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt