Detailer zum néie Fournisseur an zu de Liwwerunge vu medezineschem Cannabis hat d’Ministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun eis genannt: Déi däitsch Néierloossung vum weltwäit gréisste medezineschen-Cannabis-Produzent huet all d’Konditioune vun der Ausschreiwung erfëllt a laut Ministère ass eng éischt Liwwerung fir Enn September virgesinn.
Dat huet sech no gudden Noriichten unhéieren – bis een da gewuer gouf, wéi vill Cannabis tatsächlech bestallt gouf. Fir déi lescht 3 Méint vum Joer goufen elo 30 Kilogramm bestallt, obwuel gewosst ass, dass an deenen éischte 4 Méint vum Joer zu Lëtzebuerg 70 Kilogramm medezinesche Cannabis verschriwwe goufen.
Den Deputéierte Sven Clement vun de Pirate seet dozou:
“Elo waren dës Leit schonn een halleft Joer drop, dass si endlech erëm kënnen hiert Medikament huelen. Een halleft Joer an deem si hu mussen op Schmerzmëttel, déi jo awer schwéier Niewewierkunge kënnen hunn, zréckgräifen. Firwat goufen elo net méi grouss Quantitéite bestallt? Ware mer ze spéit un fir méi eng grouss Commande ze maachen oder wollt hei ee Sue spueren? Esou oder esou ass et eng fahrlässeg Decisioun, déi groussen Afloss op d’Gesondheet vun de Betraffene kann hunn.”
D’Pirate fuerderen, dass de Ministère direkt weider Planzen an Ueleg nobestellt, esou dass all Patient ka sécher sinn, dass e säin Traitement ouni weider Ënnerbriechung ka fortféieren. Mir dierfen net an eng Situatioun vun engem Rush op d’Apdikte kommen, bei deem déi geréng Quantitéiten, déi nach do sinn, dann nom Prinzip first come first serve verdeelt ginn.