Hiweiser op Cannabis am Ofwaasser

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb vun der EU gemaach. Et gouf ënnersicht, wéi héich d’Drogeréckstänn am Waasser sinn, fir doduerch Réckschlëss op de Konsum vun de verschiddenen Droge maachen ze kënnen.
Mat de Wäerter aus dem Joer 2023, déi de Cannabiskonsum betreffen, ass Lëtzebuerg mat Mamer a Miersch direkt zwee mol an den Top 20 ze fannen. Mamer ass op der 13. Plaz vun de geteste Stied, wat virun Zürich, Paris Seine Centre, oder och Lissabon ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung déi genannten Etude zur Kenntnis geholl?
    Wéi eng Conclusiounen zitt d’Regierung aus der Etude vum EMCDDA?

  2. Wéi eng Roll spillt de Verkaf vum medezineschem Cannabis bei de Wäerter vun der genannter Etude?
    Wéi vill medezinesche Cannabis gouf am Joer 2023 verkaf a wéi een Taux u Réckstänn an den Ofwässer géif sech doraus schätzungsweis erginn?

  3. Wéi eng Roll spillt de recreative Gebrauch vu Cannabis bei de Wäerter vun der genannter Etude?
    Wéi héich ass schätzungsweis den Taux u Réckstänn an den Ofwässer, déi sech net duerch d’Zuele vum Verkaf vum medezinesche Cannabis erkläre loossen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 581

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt