Campagne “Dofir gemaach” beim CGDIS

Fir weider Persoune vir den Déngscht beim CGDIS ze begeeschteren, gouf  d’Campagne “Dofir gemaach” lancéiert. Ënnert dem Motto: “Bass och du verantwortungsvoll, dynamesch an engagéiert? Da bass du dofir gemaach,” soll a kuerze Videoen de Beruff vum Pompjee virgestallt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch Detailer zu dëser Campagne  ginn (Agence, Käschten,…)?

  2. Gouf fir dës Campagne op Fräiwëlleger respektiv Professioneller vum CGDIS zréck gegraff fir am Video hir Aarbecht ze präsentéieren oder goufe Leit vun ausserhalb fir dëse Video engagéiert?

  3. Falls Externer geholl goufen, ass d’Madamm Ministesch der Meenung datt Fräiwëlleger a Professioneller de CGDIS net gutt genuch representéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4816

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen