Campagne “Déi schéin Aktioun”

De Mobilitéitsministère huet d’Campagne “Déi schéin Aktioun” lancéiert, déi 7 verschidde Gesten présentéiert, déi mer all am Stroosseverkéier sollten uwennen. Dës Geste goufen a 7 kuerze Videoe presentéiert. Gëschter gouf den éischte Video op Twitter gepost. D’Reaktioune waren awer anescht wéi positiv, well de Video mam Text “Quel arrêt magistraaaal. Un piéton traverse le passage piéton en fixant son smartphone sans vérifier la circulation avant de traverser” e puer Stonnen no engem schwéieren Accident zu Gonnereng virum Lycée publizéiert gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt de Minister, dass dëse Video vun der Campagne de Foussgänger, deen iwwert een Zebrasträife gëtt, als Matschëllege bei engem Accident presentéiert?

  2. Fënnt de Minister, dass den Ufank vun der Campagne hätt sollen no hannen verréckelt ginn, wann een am Nachinein weess, datt kuerz virdrun bei 2 Accidenter tëschent Autoen a Foussgänger 4 Kanner verwonnt goufen?

  3. Wéi eng Organisatioun gouf mam Ausschaffe vun der Campagne “Déi schéin Aktioun” beoptraagt? 

  4. Wéi vill huet d’Ausschaffe vun dëser Kampagne kascht a wéi ee Montant ass fir d’Publicitéit vun dëser Campagne virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5343

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen