Kloer Präis-Krittären fir de Kaf vu Wunnprojeten duerch de Staat

 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Regierung huet ugekënnegt, fir proaktiv wëlle Wunnengsprojeten opzekafen, fir esou de Stock un ëffentlechem Wunnraum signifikativ z’erhéijen; 
  • D’Moossnam soll de Bausektor an dëser schwiereger Phase ënnerstëtzen a gläichzäiteg dofir suergen, dass de Staat selwer méi Wunnengen a säi Besëtz kritt, fir dës kënnen zu erschwéngleche Präisser unzebidden;
  • Am Budget 2024 si fir dës Moossnam déi néideg budgetär Mëttel virgesinn;
  • Et muss opgepasst ginn, dass d’Steiergelder effizient genotzt ginn an Abusen an d’Iwwerpräissung duerch privat Promoteure verhënnert gëtt; 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Beim Kaf vu Wunnprojeten duerch de Staat änlech Krittären ewéi beim Pakt Logement 2.0 ze respektéieren.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt