Busparking beim Lycée Mathias Adam – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°6243 wollt ech wëssen, firwat de Busparking beim Lycée Mathias Adam (Kadasterparzell 933/4221) zu Péiteng ausserhalb vun de Schülertransportzäiten a Schoulstonnen dee gréissten Deel vum Dag an och weekends eidel steet a fir keng aner Zwecker genotzt gëtt. Grad fir den RGTR wier dës Plaz vu groussem Notzen, well wéineg Plazen an der Gemeng existéieren, wou d’Buschaufferen hir Pause kënne maachen.  An der Äntwert haten d’Ministeren geschriwwen, dass de Busparking och eng Aire de Rassemblement ass, fir 1800 Schüler am Fall vun engem Feieralarm z’evakuéieren an dass et dofir net virstellbar wier, fir dës Plaz aanechters ze notzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Kënne sech d’Ministere virstellen, dass de Parking kéint genotzt ginn, wann déi 1800 Schüler:innen keng Schoul hunn, zum Beispill 52 Weekender am Joer, 3 Méint Schoulvakanzen d’Joer, ausserhalb vun de Schoulzäiten, etc.)?  A wier et virstellbar, fir dëst an enger Konventioun mat de betraffene Busfirmae festzehalen?
  • Ass ugeduecht, fir de Parking hei mat Solaranlagen z’iwwerdaachen? Falls jo, bis wéini soll dëse Projet realiséiert ginn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene