Busparking beim Lycée Mathias Adam

Zu Rodange gëtt aktuell d’Gare ganz frësch gemaach an ausgebaut. Am Kader vun dësen Aarbechte gëtt och d’Busgare aktuell nei gemaach an erweidert. Bis dës Aarbechte fäerdeg sinn, mussen d’RGTR-Busser anzwousch anescht stoe goen. Verschidde Busser fueren deemno queesch duerch d’Gemeng op der Sich no enger Parkplaz.  De Busparking beim Lycée Mathias Adam (Kadasterparzell 933/4221) wier eng adaptéiert Plaz dofir. Op dësem Parking, engem Staatsterrain, deen zentral läit, wier flächeméisseg genuch Plaz, fir dass d’Buslinnen hei eng Paus aleeë kéinten. Ausserhalb vun de Schülertransportzäite gëtt dëse Parking net déi ganzen Zäit genotzt an ass net komplett ausgelaascht. Ech gouf awer gewuer, dass d’Schouldirektioun vum LMA refuséiert hiren Terrain fir aner Busser wéi dem Schülertransport zur Verfügung ze stellen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Servicer vu béide Ministèren um Courant dovunner, dass den RGTR-Linnen den Accès op de Busparking vum LMA refuséiert gouf? 

  2. Wäerten d’Ministeren an dësem Fall intervenéieren, fir d’Notzung vun den ëffentlechen Infrastrukturen méi effizient ze gestalten? 

  3. Wat fir eng Aarbechten kéinten gemaach ginn, fir dass de Busparking beim LMA als Aire de Repos genotzt kéint ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6243

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt