Bürosflächen – Nei Affektatiounen

Lëtzebuerg affichéiert am europäesche Vergläich wat den Taux de vacance vu Bürosflächen ugeet, mat déi schlechtsten Zuelen. Och de Staat huet Efforten ënnerholl a fir seng Servicer beispillsweis op der Kalchesbréck an zu Schieren zousätzlech Espacë kafen oder loune. Hei ass et an der Vergaangenheet och dozou komm dass initial als Wunnfläch klasséierte Surfacen nei affektéiert gi sinn. An Zäite vun Digitalisatioun, neie Léisunge wat Work-Life Balance ugeet (z.B. Télétravail) an enger Logementskris sollt een och hei iwwerleeë wéi eng nei Affektatiounen haut nach Sënn maachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Betreffend de Surfacen déi dem Staat gehéiere respektiv déi gelount ginn an déi aktuell als Bürosfläche genotzt ginn: A wéi vill vun dëse Surfacen (Proprietéit a Locatioun) sinn et an de leschten 10 Joer zu Reaffektioune komm?

  2. Wéi vill Meter Carré stellen dës Fäll u Reaffektiounen insgesamt duer? 

  3. Bei wéi vill vun dëse Fäll handelt et sech ëm Proprietéite vum Stat (an net ëm Locatiounen) ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 9

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt