Firwat sinn nach esou vill staatlech Bauterrainen net bebaut?

D’Rapporte vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass zu Lëtzebuerg nach ronn 4.000 Hektar Land fir de Wunnengsbau kënne benotzt ginn. Iwwer 500 Hektar sinn am Besëtz vum Staat an de Gemengen. Verschidden Terrainen, déi dem Staat gehéieren, stinn awer zënter Jore eidel an et deit näischt drop hin, dass aktuell Wunnengen dorobber gebaut ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Terraine fir Wunnengsbau sinn aktuell am Besëtz
    • vum Staat,
    • staatleche Fongen (Fonds Kirchberg, asw.),
    • Etablissements publics (Fonds du Logement, asw.),
    • Societéiten, un deenen de Staat een Undeel hält (AGORA, SNHBM)?

  2. Wéi vill vun dësen Terraine kënnen net direkt bebaut ginn an aus wéi enge Grënn (zum Beispill, well kee PAP virleit oder well den Terrain muss sanéiert ginn)?

  3. Op wéi villen Bauterrain ass an deene leschte 5 Joer näischt geschitt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2298

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen