Bréiwer vun der Adem an dem FNS déi net ukommen?

2022 hate mir eis bei der viregter Regierung iwwert d’Fäll informéiert, wou d’Leit Bréiwer vun der Adem net kritt hunn an doropshi sanktionéiert gi sinn, well se zum Beispill ee Rendez-vous verpasst hunn (Froen n°5415 a 5551). Eng Réi vu Leit leeën dee Moment Recours bei der Adem an. D’ADEM huet 36% (am Joer 2020) respektiv 27% (am Joer 2021) vun de Recours‘en redresséiert, an d’CSR huet 11% (am Joer 2020) respektiv 6% (am Joer 2021) vun de Recours‘en annuléiert. D’Leit hunn also Recht kritt a kruten hire Chômage respektiv Revis erëm ausbezuelt. Dës Prozeduren hunn 2022 awer bis zu 6,5 Méint gedauert. Wat bedeit, dass d’Leit, déi näischt falsch gemaach haten, awer hu misste méintelaang ouni Geld auskommen. De viregten Aarbechtsminister huet erkläert, dass weider Leit, ënnert anerem am CSR, géifen agestallt ginn, fir d’Delaien ze verkierzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert eng nei Regierung op de Wee goen, fir wichteg Bréiwer vun der Adem oder dem FNS, wéi zum Beispill d’Festleeë vu Rendez-vousen, iwwert Moyene fort ze schécken, wou ee ka sécherstellen dass et ukomm ass? Zum Beispill duerch Avis de reception oder iwwert d’MyGuichet’s App?

  2. Wéi hunn d’Delaie bei de Recourse bis haut evaluéiert? Sinn d’Delaien an den Ae vun de Minister ze laang? Wa jo, wat fir weider Schrëtt wäerte geholl gi fir se ze kierzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 350

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen