Bréiwer vum an un de Staat

Den 21ten Juni war de Generaldirekter vun der Post Invité vun der Redaktioun um RTL. Am Interview sot hien, dass Lëtzebuerg e Land bleift, an deem nach aussergewéinlech vill Bréiwer verschéckt géife ginn. Responsabel fir déi vill Bréifpost wieren hei am Land virop déi staatlech Institutiounen, d’Banken an den Assurancësecteur.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Bréiwer verschécke staatlech Institutiounen all Joer, opgeschlësselt pro Institutioun bzw. Verwaltung? Wéi eng staatlech Institutiounen a Verwaltunge verschécken déi meeschte Bréiwer? Wéi vill Bréiwer verschécken d’Gemengen hei am Land pro Joer? Wat ass de gesamte Käschtefacteur fir déi verschéckte Bréiwer, opgeschlësselt no Verwaltung bzw. Institutioun?

  2. Wéi vill Bréiwer gi pro Joer vu Betriber a Privatpersounen u staatlech Verwaltungen an Institutioune geschéckt a wéi vill kascht d’Traitéiere vun dëse Bréiwer all Joers de Staatsbeidel?

  3. Wéi vill Bréiwer ginn tëscht de Gemengen an de staatleche Verwaltunge bzw. Institutioune verschéckt respektiv tëscht de verschiddene staatleche Verwaltungen an Institutioune selwer? Wat ass de gesamte Käschtefacteur heivun?

  4. Wéi huet sech d’Unzuel vu Bréiwer, déi vun enger staatlech Institutioun oder Verwaltung verschéckt goufen, an de leschte Joren entwéckelt, opgeschlësselt pro Verwaltung respektiv Institutioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 922

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt