Bréifwal déi net ukënnt

Eis sinn e puer Temoignagen zougedroe gi wou Leit Problemer haten, fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen dëse Sonnden aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg ze schécken. Dëst geschitt net nëmmen auslännesche Residente, mee och de Student:innen am Ausland. Aner Länner akzeptéieren d’Enveloppe préaffranchi net ëmmer an d’Leit mussen nach no bezuelen, wann si hire Stëmmziedel wëllen ofschécken. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. U wien kënnen sech d’Leit wende, wann d’Land, aus deem se wëllen de Bréif schécken, déi giel Enveloppe net wëll unhuelen?

  2. Et ass net déi éischte Kéier, dass Leit aus dem Ausland Problemer mat der Bréifwal hunn. Denkt d’Ministesch net, dass an Zukunft missten d’Bréiwer un eng Lëtzebuergesch Ambassade geschéckt kënne ginn, fir esou Käschte fir d’Wieler:innen z’evitéieren an sécher ze stellen, dass all Bréif ofgeschéckt ka ginn?

  3. Ënnert anerem d’Stad Letzebuerg seet de Leit se keinten se och per coursier amplaz un d’Adress déi op der Enveloppe opgedréckt ass. D’Gesetz schreift awer eng “lettre simple” un de Walbureau fir. Ass dëst kompatibel mat den Artikelen 270 an 271 vum Walgesetz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8082

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene