Bréif fir eng Deckelung vum Gas un d’EU Kommissioun matënnerschréiwen

Context: Tripartite Accord vum September 2022

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass 13 Memberstaaten de 26ten September ee Bréif un d’EU Kommissärin Simson geriicht hunn;
  • An dësem Bréif d’Energieministeren d’EU Kommissioun froen, fir een “price cap” op Äerdgas EU wäit anzeféieren, fir esou d’Inflatioun ze bremsen an d’Profitter an dësem Secteur ze limitéieren;
  • Lëtzebuerg huet eisen Informatiounen no, dëse Bréif net mat ënnerschriwwen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Dass de Lëtzebuerger Energieminister am Energieconseil dëse Freiden 30ten September dës Fuerderunge mat ënnerstëtzt.
De Bréif un d’Kommissioun:

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt