D’Piraten si fir ee politesche Boykott bei den olympesche Wanterspiller zu Peking. D’Spiller solle stattfannen, d’Sportler sollen dierfen deelhuelen, mee politesch gesinn, ass et un der Zäit een Zeechen ze setzen.
De Sportminister hätt hei misse soen, dass hien net a China reest, well hien d’Mënscherechtsverletzungen am Land, an dat ëmmer méi aggressiivt Optriede vu China géigeniwwer sengen Nopere wéi zB dem Taiwan, net wëll ënnerstëtzen. Seng Aussoen, dass hien, wann e sech scho méi laang a säin neit Amt ageschafft hätt, op Peking gereest wier, si fir eis net akzeptabel.
Wat de Grand-Duc ugeet, esou ass säi Rôle als Staatsoberhaupt leider net vu senger Persoun ze trennen. Och wann hien “just” als IOC-Member op Peking reest, wäert dës Visitt vu Spectateuren am Ausland als Visitt vum Souverain wouergeholl ginn. Lëtzebuerg misst hei eng kloer Positioun anhuelen, a sollt ophalen iwwert de Wee vun enger Visitt als IOC-Member ze probéieren, e Mëttelwee ze sichen, mat deem een sech aus der Verantwortung zéie kéint. Mir Piraten hätten eis gewënscht, dass hei een däitleche Message no baussen transportéiert gi wier duerch eng kloer Ofso vum Grand-Duc an de Ministeren.
Gläichzäiteg muss awer assuréiert ginn, dass esou e Boykott ëmmer vun internationalen Dialoge begleet gëtt, well et geféierlech wier, d’diplomatesch Relatioune ganz ofzebriechen an domat och Aflossméiglechkeeten op d’Mënscherechter ze verléieren.
China ass selbstverständlech awer bei wäitem net dat eenzegt Land, wat d’Mënscherechter net respektéiert an dofir géifen d’Piraten sech wënschen, dass Lëtzebuerg sech insgesamt méi kloer par Rapport zu esou Länner positionéiere géif – wéi zum Beispill am Fall vun de Vereenten Arabeschen Emirater.