Bodycams

D’Police soll an Zukunft mat Bodycams equipéiert ginn. Wéi am Gesetz vum 29te Juli 2023 festgeschriwwe gouf, léist d’Bodycam beim Aschalten een haarden a schrillen Toun aus, fir d’Persounen an der Ëmgéigend doriwwer z’informéieren, dass d’Kamera ugeschalt gouf (“Le déclenchement de l’enregistrement fait l’objet d’un signal sonore.”). Dëse Mechanismus huet fir Kritik an de Reie vun der Police gesuergt, well en a verschiddene Situatioune d’Polizist(inn)en oder den Erfolleg vun engem Asaz kéint a Gefor bréngen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert de Minister dëse Punkt vum aktuelle Gesetz evaluéiere loossen, fir ze ermëttelen, awéifern d’Tounsignal vun der Bodycam d’Policeaarbecht beaflosst a Beamt(innen)en an hier Aarbecht a Gefor bréngt?

  2. Ginn et Pläng dat aktuellt Gesetz esou ze änneren, dass d’Uschalte vun der Kamera keen Toun méi ausléise muss? 

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen