Blocage Behënnerteparkplazen

Ech hunn observéiert wéi zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg wärend enger Staatsvisitt oder och wärend engem Chantier ëffentlech Behënnerteparkplazen wärend Deeg gespaart oder blockéiert gi sinn. Dës Spärungen sinn ouni iergendwellech Indicatiounen op alternativ Parkplaze fir behënnert Leit duerchgefouert ginn. Et erschéngt kloer, dass net all ëffentlech Parkplaz de Besoine vu behënnerte Leit gerecht gëtt.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et säitens dem Ministère Instruktiounen op Gemengenniveau, dass bei temporairë Spärungen dës Parkplaze musse kompenséiert ginn a behënnerte Leit eng  ëffentlech Alternativ muss gebuede ginn?

  2. Falls net, plangt de Ministère hei esou Iwwerleeungen ze féieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 410

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt