Blo Luuchten beim Gefaangenentransport

D’Artikelen 39 a 44 vum Code de la Route lëschten d’Kategorie vun Autoen op, déi mat spezielle sonoren Anlagen a bloe Luuchten däerfen equipéiert ginn. Dorënner falen, ouni Iwwerraschung, d’Gefierer vun der groussherzoglecher Police. Wéi de Minister an der Äntwert op meng Fro n°1360 aus dem Joer 2019 schreift:

“Wéini, an ënner wat fir Bedéngungen dës Luuchten awer elo agesat kënne ginn ass kloer am Code de la Route beschriwwen, an zwar an dën Artikelëh 2 an 139. Sou beseet d’Definitioun vum Service urgent (Art. 2, Punkt 5.10. vum Code de la Route), wéini d’blo Luuchten däerfen agesat ginn.”

Am Stroosseverkéier gesäit een heiansdo d’Autoe vum Gefaangenentransport mat bloe Luuchte fueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. A wéi enge Situatiounen ass de Chauffeur vum Gefaangenentransport an enger Urgence an dierf mat bloe Luuchten an der Sireen fueren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7753

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen