Besser Léin fir fräiwëlleg Zaldoten

Am RTL-Interview haut huet de Generol vun der Lëtzebuerger Arméi dovunner geschwat, dass de Louhn vum Fräiwëllegen Zaldot misst gehéicht ginn:

“De Chef d’état major huet awer drun appelléiert, dass d’Paien an der Arméi fir déi Fräiwëlleg misste gehéicht ginn. Den onqualifizéierte Mindestloun léich bei ronn 2.700 Euro, en Zaldot kritt just 2.200 Euro. Do misst “direkt eng Schëpp nogeluecht” ginn. Och dat géif hëllefen, datt sech méi Leit fir de Beruff interesséieren.”

D’Piraten fuerderen schonn zënter Joren, dass d’Léin ugepasst ginn, fir d’Arméi méi attraktiv ze maachen. Mir wäerten elo d’Arméisministesch an der Chamber dorobber uschwätzen a konkret Zuelen virgestallt kréien.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen