Blëtzermarathone fir méi Verkéierssécherheet?

D’Etüd “Speed Limit Enforcement and Road Safety” vum IZA Institute of Labor Economics an Däitschland huet gekukt, wat fir een Impakt massiv Vitesskontrolle – sougenannte Blëtzmarathonen – op déi allgemeng Stroossesécherheet hunn. En gros soen d’Fuerscher Folgendes:

“Using register data on the universe of police reported accidents in a generalized difference-in-differences approach, we find that SLMO reduce traffic accidents and casualties by eight percent. Yet, immediately after the SLMO day, all effects vanish. Further evidence suggests that people drive more slowly and responsibly on SLMO days to avoid fines; providing information on the dangers of speeding does not alter driving behavior in a more sustainable way.” (Abstract)

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Ugesiichts den Erkenntnisser vun dëser Etüd, wäerten an Zukunft weider Blëtzmarathone stattfannen? Falls jo, firwat hält de Minister un dëser Positioun fest a wéi eng wëssenschaftlech Erkenntnisser schwätze fir esou Aktiounen?
  2. Wéi vill Infraktioune wéinst der Iwwerschreidung vun der Vitesslimitt goufen an de leschte 4 Joer constatéiert? 
  3. Wéi vill Infraktioune wéinst der Iwwerschreidung vun der Vitesslimitt goufen an de leschte véier Joer op den Deeg vun deenen eenzele Blëtzmarathone constatéiert?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt