Biosprit aus Palmenueleg

Biodreifstoff gëtt als Alternativ zu de fossille Brennstoffer gesinn. D’Hierstellung vum Bioethanol ass awer kontestéiert, well ee fir d’Hierstellung Planze wéi Raps, Soja oder och Palmenueleg a grousse Menge brauch.  Zu Lëtzebuerg gouf den 1.01.2019 decidéiert, 95er Bensin aus bis zu 10% planzlechem Ursprong ze verkafen. 2020 huet an der EU de Biosprit nëmmen zu Maximal 7% aus dëse Planzen dierfe bestoen. D’Kommissioun huet 2019 decidéiert, dass den Asaz vu Palmenueleg am Bioethanol bis 2030 op Null soll erofgefuer ginn. Si huet festgehalen, dass d’Palmenueleg-Produktioun zu enger Ofholzung vu Bëscher féiert an dofir net als Wee fir d’Ëmsetze vun de Klimaziler dierf benotzt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini gouf hei zu Lëtzebuerg ugefaangen, Sprit ze verkafen, deen deelweis oder ganz aus Bioethanol besteet? Vun deem Moment un bis Enn 2020: wéi vill Kubik Liter Palmenueleg goufen op Lëtzebuerger Tankstelle getankt (opgeschlësselt no Joer)?

  2. Viséiert d’Regierung weider Erhéijungen oder eng Verréngerung a Punkto planzleche Komponenten an den Dreifstoffer? Wann jo, wat sinn déi viséiert Prozentsätz vun Ethanol a Bioethanol? Wéi eng planzlech Komponente sollen dobäi zum Asaz kommen?

  3. Wéini sollen déi 0% Palmenueleg am Bioethanol zu Lëtzebuerg erreecht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3593

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene