Stand vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg

Déi aktuell Regierung huet sech am Koalitiounsaccord zum Zil gesat, dass bis 2025 op mannst op 20% vun den Ubauflächen hei am Land soll op eng biologesch Landwirtschaft gesat ginn. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°3752 vun 2018 vun Déi Gréng huet den deemolege Landwirtschaftsminister een Tableau presentéiert, op deem den Undeel vun der Bioproduktioun par Rapport zur Gesamtproduktioun hei am Land indiquéiert ass. Aus dësen Zuele goung ervir, dass d’Biolandwirtschaft a verschiddene Secteuren immens ënnerentwéckelt war, zum Beispill bei Fleeschproduiten, Feldfriichten oder Drauwen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister d’Entwécklung vun den Zuelen aus der Fro n°3752 fir d’Joren 2017, 2018, 2019 an 2020 an engem Tableau duerleeën?

  2. Wéi vill Betriber hunn zënter 2018 op Biolandwirtschaft ëmgestallt?
    • Wéi vill dovunner am Beräich vun der Véizuucht?
    • Wéi vill dovunner am Beräich vum Fruucht-a Geméisbau?
    • Wéi vill dovunner am Beräich vum Wäibau?

  3. Wéi vill Fläche ginn aktuell no de Krittäre vun enger biologescher Landwirtschaft exploitéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5237

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt