Bildung an de Finanzen

Ëmmer méi Mënschen kréien Zougang zur Finanzwelt, dank dem Internet an neien Servicer a Plattformen, wou Leit ouni Broker oder Tëschenhändler kënnen benotzen. Dëst bitt eiser Wirtschaft vill nei Méiglechkeeten, well d’Suen dohinner kënne placéiert ginn, wou se fir Projeten gebraucht ginn an d’Leit sech finanziell méi breet opstellen.

Leider sinn domadder awer och vill Risike verbonnen, virun allem fir Leit, déi net wëssen, wéi een investéiert. Et ginn ëmmer méi Finanz-Gurus an Influencer, déi mat schéine Videoen dat schnellt Geld verspriechen.

Héigéint muss een duerch Bildung d’Leit sensibiliséieren, ob an de Schoulen bei de Jonken d’Regierung virgoen, andeems een an de Schoulen, mee och bei den Erwuessenen.

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung Folgendes zur finanzieller Bildung festgehalen:
“Le Gouvernement mettra en place des mesures afin d’améliorer l’éducation financière de tous les citoyens, notamment à travers des enseignements de base en finance dans les écoles primaires et secondaires.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Initiativen a Formatiounen existéieren aktuell am schoulesche Parcours (opgelëscht no Moduller), déi de Schüler eng Bildung am Trading, Investéieren oder d’Gestioun vun Haushaltsfinanzen bitt?

  2. Wéi eng Initiativen a Formatiounen existéieren ausserhalb vum schoulesche Parcours fir Erwuessener am Beräich vum Trading, Investéieren oder d’Gestioun vun Haushaltsfinanzen ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2411

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen