BEZUELTE STAGE als Webdesigner

BEZUELTE STAGE als Webdesigner

Training | Sensibilité politique PIRATEN | Luxembourg

Wat mir maachen.

Eise Walprogramm konnt 2018 iwwerzeegen: d’Piratepartei ass mat 2 Deputéiert an der Chamber vertrueden, wou mir eis fir méi Biergerbedeelegung, Transparenz am Staat an sozial Gerechtegkeet fir jiddereen asetzen.

Eis Visioun ass et, déi lëtzebuergesch Politik méi gerecht, fair a modern ze gestalten. 


Dofir gi mir all Dag eise Maximum a schaffen eis an déi verschiddensten Dossieren eran, fir eng konstruktiv, ma och pickeg, Oppositiounsaarbecht ze maachen an am Konsens mat anere Parteien déi eenzel Punkten aus eisem Walprogramm ëmzesetzen. Mir sinn eng jonk Equippe mat enger direkter Kommunikatioun a ville kreativen Iddien.

Wat s du wäers schaffen.

Mir bidden en bezueltene Stage fir e Webdesigner / Webentwéckler fir eis bei der Gestaltung an der Ëmsetzung vun eisem Projet www.deng-stëmm.lu  z’ënnerstëtzen.

Du géifs zesumme mat eisem Deputéierten Sven Clement un dëser neier Bedeelegungsplattform schaffen an esou Erfahrungen am prakteschen Ëmgang mat Web-Technologien sammelen an d’Bedeelegung vu Leit un der Entscheedungsfannung an der Chamber erhéigen.

Wat s du matbrénge solls.

Du misst folgend Technologien kennen:
HTML
CSS

D’Kenntnis vu Folgendem wier nëtzlech, mee ass net obligatoresch:
Ruby on Rails
SQL
Javascript

Deng Virdeeler

De Stage gëtt bezuelt an et besteet d’Méiglechkeet iwwert de Stage eraus op Basis vun engem Freelance-Kontrakt weider un der Entwécklung vun der Plattform bedeelegt ze bleiwen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene