Wéi aus engem rezenten Artikel vun der Luxembourg Times ervir geet, wäert de neie lokale Bezuelfeature “Wero” net esou séier fir Lëtzebuerger Clientë verfügbar sinn, obwuel dëse System schonn a Frankräich, an Däitschland an an der Belsch fonctionéiert. Dëst ass besonnesch problematesch, well d’European Payments Initiative (EPI) schonn ugekënnegt huet, datt Wero zu Lëtzebuerg a Kooperatioun mat de grousse Banken disponibel wäert sinn. Ouni awer konkret Datumer ze nennen. Dëst ass nëmmen ee Beispill vu villen, wou Lëtzebuerg als Finanzplaz hannendrun ass bei der digitaler Innovatioun. Obwuel mir eng Finanzplaz sinn, kommen nei Fintech-Servicer dacks als éischt an eis Nopeschlänner. Dëst ass besonnesch onverständlech, well ekonomesch Operateuren, déi änlech Bezuelservicer zu Lëtzebuerg ubidden ënner anerem Numm schonn existéieren, an och an der Belsch an an Holland aktiv sinn. D’Vernoléissegung vum lëtzebuergesche Maart kéint eis Finanzplaz laangfristeg schwächen an d’Attraktivitéit als digitale Finanzzenter ënnergruewen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi bewäert d’Regierung et datt eng grouss Neobank de lëtzebuergesche Maart als “net an der onmëttelbarer Feuille de route” bezeechent?
Wat fir konkret Schrëtt ënnerhëlt d’Regierung fir ze garantéieren datt nei Fintech-Servicer gläichzäiteg zu eisen Nopeschlänner och zu Lëtzebuerg lancéiert ginn?
Firwat dauert d’Implementéierung vum Wero-System zu Lëtzebuerg méi laang wéi an der Belsch, obwuel d’EPI schonn zënter 2024 existéiert an änlech Infrastrukturen zu Lëtzebuerg scho verfügbar sinn?
Wéi koordinéiert sech d’Regierung mat de lëtzebuergesche Banke fir ze garantéieren, datt d’Integratioun an europäesch Bezuelsystemer ënnert der beschleunegter Timeline realiséiert gëtt?
Wat fir Incitatiounen oder regulatoresch Erliichterunge kéinten ageféiert ginn, fir multinational Fintech-Firmen z’encouragéieren hir Servicer méi fréi zu Lëtzebuerg ze lancéieren?
Wéi plangt d’Regierung de bestoenden Fintech-Ekosystem zu Lëtzebuerg ze stäerken, sou datt lokal Alternativen zu internationale Servicer entstinn?
Gëtt et eng national Strategie fir ze verhënneren, datt Lëtzebuerg systematesch bei der Aféierung vun neien digitale Finanzservicer hannendran ass?
Wéi evaluéiert d’Regierung d’Risiken, datt d’Vernoléissegung vum lëtzebuergesche Maart duerch international Fintech-Firmen d’Attraktivitéit vun der Finanzplaz op laang Siicht beaflosse kéint?
Wat fir Mesurë gi geholl fir eng bessere Koordinatioun tëschent nationalen Administratiounen, europäeschen Institutiounen an der Privatwirtschaft ze garantéieren, fir d’Zäitpläng vun digitalen Innovatiounen ze synchroniséieren?
QP Nummer 2434