Bezierkskongress Osten 2023

Ahoi léiwe Member !

Mir invitéieren dech heimadder häerzlech op de Kongress vum Bezierk Osten, deen den Sonnden, den 30te Juli 2023, ab 11h00 am Hôtel-Restaurant de l’Ecluse stattfënnt. D’Adress ass 29 Waistrooss, 5450 Stadbriedemes

De virleefege Programm vum Kongress gesäit esou aus: 

  1. Aschreiwung a Begréissung
  2. Politesch Ried vum Koordinator
  3. Wal vun der Kongressleedung 
  4. Präsentatioun a Vott vun de Kandidatelëschten fir d’Chamberswalen
  5. Ofschloss 

Denk drun, dass du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2023 bezuelt musst hunn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen.

Du kanns däi Membersbäitrag ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu 

Alternativ kanns du einfach ee Virement op folgende Bankkonto maachen:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000 
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun: “Membersbäitrag + däin Numm + deng Gemeng”

Mir freeën eis op dech !

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen