e purpurroude a wäisse Logo mam Wuert piraten.

Bezierkskongress 2023 – Zentrum

Ahoi léiwe Member !

mir invitéieren dech heimadder häerzlech op eise Bezierkskongress fir eis Lëscht opzestellen, deen den Freiden, den 14te Juli 2023, ab 18h30 am Centre Culturel zu Colmer-Bierg stattfënnt. D’Adress ass 5 Rue de la Poste L-7730 Colmar-Berg. 

De Programm vum Kongress gesäit esou aus: 

1. Begréissung vum Koordinator Jerry Weyer

2. Begréissung vun de Spriecher (an der Buergermeeschtesch) Mandy Arendt & Mathis Godefroid 

3. Wahl vun der Kongressleedung 

4. Präsentatioun a Vott vun der Lëscht

5. Politesch Ried vum nationale Spëtzekandidat

Denk drun, dass du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2023 bezuelt musst hunn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen: 

Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000 

Kommunikatioun: “Membersbäitrag + däin Numm + deng Gemeng” 

Du kanns de Betrag och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu 

Fir Gedrénks a Schnittercher zu Colmer-Bierg ass natierlech och gesuergt. Fir de Kongress beschtméiglech plangen ze kënnen, wier et léif, wann s de eis am Viraus kéins soen, ob s du dobäi bass.

Mir fréeën eis op dech !

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll