Besuchsrecht an de Kannerheemer

Mir ass zougedroe ginn, datt op Direktiv vun der Ministesch fir Famill an Integratioun d’Besich vun Elteren a Kannerheemer ëm 50% reduzéiert gi sinn. Deemno krute verschidden Elteren hier Visitten dës Woch mat dësem Argument annuléiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass si decidéiert huet d’Besuchszäiten vun den Elteren a Kannerheemer ze reduzéieren?
    • Falls jo, ëm wat fir eng Direktiv handelt et sech an op Basis vu wéi enge Krittären a wéi enger legaler Basis gouf se getraff?
    • Falls nee, kann d’Ministesch bestätegen, datt d’Besuchszäiten an de Kannerheemer net geännert hunn an och net ännere wäerten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3041

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt