Bestéierung vum Beki a Crypto

Säit dem 02.01.2013 gëtt et am Réidener Kanton de Beki, eng regional Wärung mat der een a ronn 100 Geschäfter am Kanton akafe kann. De Beki sollt 2021 och an digitaler Form zougänglech gemaach ginn. Et kann een 100€ fir 103 Beki antauschen. 2018 huet d’Steierverwaltung d’Circulaire 14/5- 99/3- 99bis3 publizéiert, an der d’Besteierung vum Revenu aus Kryptowärunge festgehale gëtt. Kryptowärunge ginn als “biens incorporels” betruecht an deementspriechend besteiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt de Revenu aus Beki besteiert?

• Falls jo, gëtt de Revenu aus Beki d’selwecht besteiert wei de Revenu aus Kryptowärung?

• Falls nee, firwat net?

2. Wéi vill Persoune goufen d’lescht Joer op Grond vu Revenu aus Kryptowärung besteiert? Wéi vill Persoune goufen d’lescht Joer op Grond vu Revenu aus Beki besteiert?

3. Am Fall vum Beki hunn d’Betriber aus der Regioun decidéiert, beim Projet Beki matzemaachen. Kéint nom selwechte Modell och eng Kryptowärung fir den Akaf vu Wuere genotzt ginn, wann d’Betriber dëst wënschen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4821

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene