Besteierung vu Präsenzjetongen

Op Basis vum Artikel 27 vum Gemengegesetz bestëmmt all Gemengerot selwer doriwwer, ob d’Memberen aus dem Gemengerot an d’Leit an de konsultative Kommissiounen fir hiert Engagement eng Indemnitéit a Form vu Präsenzjetongen ausbezuelt kréien. Dës Jetongen variéieren deemno vu Gemeng zu Gemeng. Wat och variéiert, ass d’Prozedur bei der Besteierung vun de Jetongen duerch d’Gemeng an d’Steierverwaltung. Verschidde Gemengen bezuelen de Bruttomontant direkt un d’Leit aus während aner Gemengen schonn eng Retenue um Paieziedel duerchféieren. D’Steierbüroen agéieren mengen Informatiounen no och ënnerschiddlech, wann d’Bénéficiairen hir Jetongen un d’Parteien oftrieden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Reegele betreffend der Besteierung vun de Präsenzjetongen fir d’Gemengeréit an d’Memberen aus de Gemengekommissioune goufen an der Vergaangenheet vun der Steierverwaltung an/oder dem Inneministère opgestallt (Circulairen, Reglementer, Arrêtéen, etc.)?
    Ginn dës Reegelen uniform vun alle Steierbüroen ëmgesat?

  2. Kënnen d’Ministeschen eng Kéier erklären, wéi d’Besteierung vun de Präsenzjetongen fir d’Gemengeréit an d’Memberen aus de Gemengekommissioune muss oflafen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir