D’ALIA huet den 31.7.2019 matgedeelt, datt « L’essentiel-Radio » d’Ausschreiwung fir d’Frequenze vum « Réseau N° 2 » fir sech entscheede konnt. Am Communiqué vun der ALIA heescht et konkret:
“[S]i l’Autorité attribuait le réseau à la SA RadioLux, elle donnerait à L’essentiel-Radio la possibilité d’augmenter de manière non-négligeable sa couverture territoriale […].”
An der Ausschreiwung vum Abrëll 2019 stoung awer ënnert anerem dran:
“La permission pourra être attribuée soit pour un programme nouveau, soit pour un programme existant diffusé sur un des trois autres réseaux d’émission. Dans ce dernier cas, le bénéficiaire de ce réseau d’émission devra, dans un souci de pluralisme parmi les opérateurs de services de radio, renoncer à son réseau d’émission actuel.”
Besuergt doriwwer, dass sech zukünfteg e Monopol bilde kéint, hat d’ALIA och schonn an hirem Avis 1/2016 iwwert d’Zesummesetzung vum Aktionariat vun der Radiolux SA (déi « L’essentiel-Radio » exploitéiert a wou CLT-UFA SA, d’Mammenhaus vun RTL, 25% besëtzt) Folgendes geschriwwen:
“L’Autorité considère que des choix moins contraignants donneraient très vite libre voie à une concentration renforcée du paysage radiophonique grand-ducal au détriment des auditeurs dont le choix se limiterait surtout à différents programmes proposés par la s.a. CLT-Ufa. Cette situation, si elle devenait réalité, marquerait un grand pas en arrière, car elle serait semblable à celle qui existait avant la libéralisation des ondes du début des années 1990, c.-à-d. celle d’un (quasi-)monopole des ondes au profit d’un opérateur privé. ”
An deem Zesummenhang hunn d’Piraten dem Minister fir Kommunikatioun a Medien folgend Froe gestallt:
- Ass de Minister der Meenung, datt de rezente Choix vum Conseil d’Administration vun der ALIA, de Reseau un d’SA RadioLux ze verginn, dem Pluralismus vun den onofhängege Medien zu Lëtzebuerg Rechnung dréit?
- Deelt de Minister d’Opfaassung vun der ALIA aus hirem Avis vun 2016, datt eng weider Konzentratioun vu Frequenzen an den Hänn vun direkt oder indirekt duerch d’CLT-UFA SA kontrolléierte Societéiten e Réckschrëtt a Richtung vun den Ufäng vun den 1990er-Joer kéint duerstellen?
- Ass de Minister der Meenung, datt déi pluralismusschiedegend Konzentratioun, déi vun der ALIA 2016 befaart gouf, ëmgaangen ass, sech ze entwéckelen?
- Ass de Minister, virum Hannergrond datt déi ursprénglech Frequenze vu Radiolux net vun der ALIA mee vun der Regierung als « national » Frequenze verdeelt goufen, der Meenung, datt dës Frequenzen duergaange wieren, fir en nationale Service ze offréieren?
• Falls jo, ass de Minister der Meenung, datt Radiolux hir « national » Frequenze misst zeréck ginn, analog zur Ausso aus der Ausschreiwung vun der ALIA, an der et geheescht huet: « La permission pourra être attribuée soit pour un programme nouveau, soit pour un programme existant diffusé sur un des trois autres réseaux d’émission. Dans ce dernier cas, le bénéficiaire de ce réseau d’émission devra, dans un souci de pluralisme parmi les opérateurs de services de radio, renoncer à son réseau d’émission actuel. »
• Falls nee, firwat huet d’Regierung deemools d’Frequenzen net esou zesumme geluecht, datt mat engem Frequenze-Pak eng national Couverture konnt garantéiert ginn? - Ass de Minister der Meenung, datt een d’avantage kleng an onofhängeg Radiostatioune misst fërderen, fir esou enger Regressioun vum Radiopluralismus entgéint ze wierken?
- Wäert de Minister am Virfeld vun neien Nominatioune fir de CA vun der ALIA, potentiell Kandidaten zu hirer Positioun betreffend dem Radiopluralismus befroen? Gouf dëst virun der leschter Propositioun un de Grand-Duc gemaach?