Besëtzer vun Immobilien zu Lëtzebuerg

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA kafen dës Gesellschafte massiv Wunnengen op, konkurréieren direkt mat Familljen a drécken d’Präisser an d’Luucht. Dës Investisseure konzentréieren sech dacks op méi gënschteg Haiser, sougenannt “Starter Homes”, a wandelen dës a Mietobjeten ëm, wat d’Chance op Eegentum fir Privatpersounen drastesch reduzéiert. Zousätzlech weisen d’Erfarungen aus dem Ausland, datt juristesch Persounen als Proprietären éischter dozou tendéieren, d’Loyeren ze héijen an den Ënnerhalt ze vernoléissegen.
Och wann de Lëtzebuerger Maart seng eege Spezifizitéiten huet, ass d’Fro vun der “Finanzialiséierung” vum Wunnraum och hei zu Land relevant. Fir ze verhënneren, datt Wunnraum zu engem renge Spekulatiounsobjet fir grouss Kapitalgesellschaften degradéiert gëtt, an domat d’Wunnengskris sech weider verschäerft, ass eng präzis Analys vun de Besëtzverhältnisser noutwenneg. Verschidde Juridictiounen diskutéiere schonn iwwer Géigemoossnamen, wéi Restriktioune beim Akaf oder eng ugepasste Besteierung fir grouss Portefeuillen. An deem Kader wier et wichteg ze wëssen, wéi d’Situatioun sech aktuell zu Lëtzebuerg duerstellt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Wunnengen (Haiser an Appartementer) sinn aktuell zu Lëtzebuerg am Besëtz vu juristesche Persounen (Societéiten, Investitiounsfongen, Real Estate Investment Trusts, asw.), opgeschlësselt no Typ vun der Gesellschaft?

  2. Wéi huet sech dësen Undeel am Verglach zum Besëtz vun natierleche Persounen iwwert déi lescht zéng Joer entwéckelt?

  3. Wéi vill juristesch Persounen hunn de Moment e Portfolio vu méi wéi 10, méi wéi 50 respektiv méi wéi 100 Wunnunitéiten zu Lëtzebuerg?

  4. Gëtt et geographesch Schwéierpunkten (Kantonen oder Gemengen), wou den Undeel u Wunnimmobilien am Besëtz vu Gesellschaften iwwerduerchschnëttlech héich ass?

  5. Huet d’Regierung Kenntnis doriwwer, ob institutionell Investisseuren zu Lëtzebuerg vermehrt Wunnimmobilien opkafen, déi virdrun am Besëtz vu Privatpersoune waren (“Buy-to-Let”)?

  6. Plangt d’Regierung, analog zu Iwwerleeungen am Ausland, de Kaf vu Wunnimmobilien duerch grouss Investisseuren ze reglementéieren oder steierlech unzepassen, fir den Accès op Eegentum fir Privatpersounen ze schützen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3328

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten