Beschlagnahmung vun Fligeren

Wéi an däitsche Medien ze liesen ass, plangt d’USA d’Fligeren, déi am Besetz vum Roman Abramowitsch sinn, ze beschlagnamen. De “Warrant of Seizure” nennt dann och d’Gulfstream Maschinn LX-RAY, déi ënnert Lëtzebuergeschem Fändel flitt. Den amerikanesche Justizministère huet aktiv Schrëtt ugekënnegt, fir an de Besetz vun dëse Fligeren ze kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’USA schonns offiziell zu Lëtzebuerg ugefrot, fir de Gulfstream ze beschlagnamen?

  2. Wat fir Konsequenze wäert dës Initiativ vun den USA op Lëtzebuerg hunn?

  3. Wéi plangen d’Lëtzebuerger Autoritéiten d’USA bei der Beschlagnamung z’ënnerstëtzen? Si scho Mesurë geholl ginn oder geplangt?

  4. Wéi eng Schrëtt hunn d’Ministèren ënnerholl, fir Lizenze vun de Fligere vun Oligarchen ze entzéien an dës Fliger ze blockéieren?

  5. Sinn nach weider Fligeren ënner Lëtzebuerger Lizenz déi Gefor lafe vu Sanktioune getraff ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6309

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen