• D’Piratepartei
    • Leichte Sprache
    • Eis Prioritéiten
    • Grondsazprogramm
    • Wahlprogrammer
      • EU-Wahlen 2024
      • Chamberswahlen 2023
      • Gemengewahlen 2023
    • Satzung
    • Wien mécht wat?
    • Rapporten
    • Kontakt
  • Piraten an der Chamber
    • Eis Deputéierten
    • Parlamentaresch Froen
    • Motiounen
    • Gesetzesvirschléi
    • Rieden
    • Visitt vun der Chamber
    • Fro.lu
    • Stëmm.lu
    • PIRATEN-Lobbyregister
    • Finanziell Transparenz
  • Piraten an de Gemengen
    • Colmar-Bierg
    • Déifferdeng
    • Duelem
    • Esch/Uelzecht
    • Käl/Téiteng
    • Péiteng
    • Stad Lëtzebuerg
    • Suessem
    • Réimech
    • Useldéng
  • Pirat ginn
  • Shop

Benotze vum Logo vum CGDIS

  • August 19, 2020
  • 9:57 am
  • Parlamentaresch Froen

Mam Gesetz vum 27te Mäerz 2018 gouf d’Rettungswiesen zu Lëtzebuerg ëmforméiert an den CGDIS  gouf an d’Liewe geruff. Mam der Ëmstrukturéierung krut den neien CGDIS deemools och eng nei visuell Identitéit an een neie Logo.

D’Verbreede vum Logo misst deemno dem ofgeännerte Gesetz vum 23te Juni 1972 ënnerleien an all Verbreedung vum Logo fir kommerziell Zwecker ass nom Artikel 232bis vum Strofgesetzbuch strofbar, ausser d’Verbreedung gouf duerch ee Gesetz, Reglement oder Autorisatioun erlaabt.

Elo ass et esou, datt zum Beispill am CGDIS verschidde Gadgeten a Merchandising-Artikele mam Logo un d’Membere verkaf ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Firmen oder Persounen hunn aktuell d’Erlabnis d’Logo vum CGDIS ze benotzen, fir Gadgeten a Merchandising-Artikelen ze produzéieren an/oder ze verkafen? 

  2. Wéi eng Autorisatiounen erlaben dësen Entreprisen a Persounen, de Logo vum CGDIS fir kommerziell Zwecker ze benotzen?

  3. Falls am Virfeld keng Firmen oder Persounen eng Autorisatioun krut hunn, wéi erkläert d’Regierung et sech, dass ënnerhalb vum CGDIS Artikelen géint Bezuelung mam CGDIS-Logo verkaf ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2687

20200922 QP GOERGEN Benotze vum Logo vum CGDIS.pdfHerunterladen
Aentwert-op-n°-2687Herunterladen

Zesummenhang posts

Ausschloss vu Schüler aus den ëffentlechen internationale Schoulen vum Benefice vun der Optioun op d’Nationalitéit nom Artikel 27 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit

  • June 25, 2026
  • 2:53 pm
  • Parlamentaresch Froen
Den Artikel 27 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit gesäit eng Optioun fir Volljäreger vir, déi op d’mannst siwe Joer

Cyberattack op d’Gemeng Déifferdeng

  • June 1, 2026
  • 3:11 pm
  • Questions parlementaires
Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Drénkwaasserleitung zu Péiteng (Dhoil)

  • June 1, 2026
  • 3:07 pm
  • Questions parlementaires
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
Facebook Twitter Youtube Instagram

Piratepartei

1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
ahoi@piraten.lu
Telefon: (+352) 20 33 37

D'PIRATEN an der Chamber

22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
piraten@chd.lu
Telefon: (+352) 20 60 66

✕