Ben Allard – Spëtzekandidat Norden

Ben Allard, Kiischpelt, Informatiker

Berufflech schafen ech fir eis Drénkwaasserversuergung am Norden. Mat der Erneierung an
Digitaliséierung vun eiser Drénkwaasserproduktioun an -Verdeelung, ass et méiglech Qualitéit
vum Waasser an d’Energieeffizienz vun eise Pompelstatioune verbesseren.

Fir mech war ëmmer kloer: un der Bildung soll net gespuert ginn.
Schonn am Lycée als President vum Schülercomité war et mir wichteg dass och de Schüler an
Studenten nogelauschtert gëtt. Spéider mat der Kierzung vun der Studentebourse an der CEDIES
Reform goung mäin politesch Engagement fir Studente bei der UNEL (lëtzebuerger
Studentevertriedung) weider. Mir hunn mam gréisste Schüler- a Studentestreik vu Lëtzebuerg
gewisen dass een Afloss kann huelen an op Mëssstänn opmierksam maachen.

Ech setze mech a fir :
Fräit Internet, Bildung fir jiddereen an eng fräi modern demokratesch a sozial Gesellschaft.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene