Bëllegen Akt fir Locatioun

Den 22te Mee dëst Joer ass d’Gesetz iwwert verschidden Hëllefe fir de Wunnengsmaart a Kraaft getrueden (Loi du 22 mai 2024 portant introduction d’un paquet de mesures en vue de la relance du marché du logement).

Hei gouf een neie bëllegen Akt fir d’Locatioun agefouert (crédit d’impôt location). Am Communiqué vun der Regierung dozou stoung geschriwwen, dass dëse just fir Gebaier géif gëllen, déi nach net gebaut goufen (VEFA). Allerdéngs ass dat net am Artikel 4 vum Gesetz präziséiert, soudass unzehuelen ass, dass eng Persoun, déi ee bestoend Gebai keeft, fir et ze verlounen, vum neie bëllegen Akt ka profitéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Minister präziséieren, ob den neien Bëllegen Akt fir all Gebaier gëllt oder just fir eng VEFA?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 933

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen