Bëllegen Akt fir Locatioun auswäiten

Context:

Diskussiounen rondërem de Gesetzesprojet n°7642

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Mam Gesetz vum 22te Mee 2024 portant introduction d’un paquet de mesures en vue de la relance du marché du logement gouf temporär ee bëllegen Akt fir d’Schafung vu Locatiounswunnenge geschaf;
  • wéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°933 präziséiert gëtt, kritt een dëse Steierkredit just fir Neibauten (VEFA) am Sënn vum Artikel 1601-3 vum Code civil an net fir de Kaf vu besteeënde Wunnengen;
  • fir d’Transaktiounen um Wunnmarché z’erhéijen, wier et positiv, fir dëse Steierkredit och fir besteeënd Wunnenge geltend ze maachen, wat och erëm de Locatairen zegutt géif kommen, well méi Locatiounswunnengen op de Marché kommen an d’Verkeefer vu besteeënde Wunnengen d’Sue kéinten notzen, fir selwer eng nei Wunneng ze bauen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. fir de bëllegen Akt fir Locatiounswunnengen temporär och fir bestoend Wunnengen geltend ze maachen, déi an d’Location ginn, an dëst gesetzlech nach dëst Joer festzehalen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt