Bekämpfung vu gefälschte Luxusartikelen

An de leschte Jore schéngt den Handel mat gefälschte Luxusartikelen europawäit zouzehuelen. D’Administration des douanes et accises spillt eng zentral Roll bei der Erkennung an der Sécherstellung vun dëse Produkter, déi net nëmmen ekonomesche Schued verursaachen, mee och d’Konsumenterechter an d’Gesondheet gefäerde kënnen, well si dacks mat héijen Dose vu geféierleche Schadstoffer belaascht sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill gefälscht Luxusartikelen huet d’Douane zu Lëtzebuerg an de leschte fënnef Joer, opgeschlësselt pro Joer, séchergestallt? 

  2. Wat ass de geschätzte Gesamtwäert vun dëse konfiszéierte Wueren a wéi huet sech dësen am Laf vun der Zäit entwéckelt? 

  3. Ëm wéi eng Zort vu Produiten handelt et sech haaptsächlech (Poschen, Kleeder, Aueren, etc.), a vu wéi enge Marken?

  4. Vu wou kommen déi meescht gefälscht Produkter, déi zu Lëtzebuerg saiséiert ginn?

  5. Wéi eng Moyenen a Ressourcen huet d’Douane aktuell zur Verfügung, fir dëse Problem unzegoen, a si se ausräichend?

  6. Wéi héich war de Käschtepunkt an de leschte fënnef Joer fir d’Vernichte vun de saiséierten Produiten, opgeschlësselt pro Joer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2351

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen