Behënnertegerecht staatlech Internetsäiten an Appen – Nofro

Laut dem Gesetz vum 28.05.2019 muss de Staat seng Internetsäiten an Applikatioune behënnertegerecht gestallten. Persoune mat enger Behënnerung, déi trotzdeem op Problemer stoussen, wann se wëllen déi staatlech Siten oder mobil Applikatioune benotzen, kënne beim Service d’information et de presse (SIP) eng Reklamatioun areechen. 13 Persounen hunn dëst Joer schonn esou eng Reklamatioun agereecht. Nëmmen an 3 Fäll konnt der betraffener Persoun eng Léisung proposéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’Fro 2935 hat de Minister erkläert, dass 86 Internetsäiten virum 23ten September 2020 a Konformitéit gesat goufen an dass den Delai fir d’mobil Applikatiounen nach bis den 23ten Juni 2021 géing lafen.  Wéi vill Internetsite sinn haut konform? Wéi vill mobil Applikatiounen hunn bis den 23ten Juni Accessibilitéitsdeklaratioune gemaach?

  2. Bei 10 Reklamatioune konnt de Betraffene keng Léisung proposéiert ginn. Wéi gedenkt de Ministère virzegoen, fir dës Problemer schnellstméiglech ze léisen?

  3. Kann de Ministère aschätzen, wéi vill eng Mise en conformité an dësen 10 Fäll konkrete géing kaschten?

  4. Wéi gedenkt de Ministère an Zukunft mat Reklamatiounen ëmzegoen, bei deenen de Concernéierte keng Léisunge kënne proposéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4800

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen