Behënnertegerecht staatlech Internetsäiten an Appen

Am Februar 2019 hat ech am Kontext vum Projet 7351, bei deem et ëm behënnertegerecht Internetsäiten an Applikatioune vum Lëtzebuerger Staat gaangen ass, an der Digitaliséierungskommissioun no zousätzlechen Informatioune gefrot. Ech wollt wëssen, wéi vill Internetsäiten an Applikatiounen, vun den Dispositiounen aus dem Projet 7351 (deen duerno zum Gesetz vum 28. Mee 2018 gefouert huet), betraff wieren. Deemools huet de Minister Bettel mir geäntwert, dass ongeféier 102 Internetsäiten an 20 Applikatioune concernéiert wieren an aktualiséiert misste ginn, fir se méi accessibel fir Léit mat enger Behënnerung ze maachen.  Dem Gesetz vum 28. Mee 2018 no, missten alleguer déi betraffe Websäite bis den  23. September 2020 ugepasst gi sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Säiten an Applikatiounen hu missen ugepasst ginn?  Goufen all déi vum Gesetz viséiert Säite virum 23. September 2020 ugepasst ?  Wann net: Wéi vill Websäite mussen nach iwwerschafft ginn a firwat konnten déi gesetzlech Delaien net agehale ginn? 

  2. An der Kommissioun hat ech och gefrot, wéi vill dës Upassunge géinge kaschten. De Minister konnt mir deemools awer leider keng Äntwert op meng Fro ginn.  Léien dem Ministère haut Donnéeë fir, déi chiffréieren, wéi vill d’Adaptatioune Kascht hunn?

  3. Den Artikel 1§2 an§3 geséit eng Réi Ausname fir. Esou dass et ëmmer nach vill Informatioune ginn, op déi Léit mat enger Behënnerung keen Accès hunn. Huet de Ministère fir, Applikatiounen a Websäiten déi vum Gesetz vum 28ten Mee 2018 ausgeschloss ginn, ze aktualiséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2935

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene