Behënnertegerecht Busarrêten

Fir Persoune mat enger visueller Beanträchtegung ze hëllefen sech am ëffentleche Raum z’orientéieren, existéieren eng Rei technesch Hëllefsméiglechkeeten, wéi zum Beispill de Bodenleitsystem (dat sinn déi wäiss Plättercher mat Relief, déi bei Foussgängersträifen oder op Quaien installéiert sinn) oder akustesch Signaler bei Foussgängersträifen. Dës sinn nëmmen e puer vu villen Innovatiounen, déi de Persoune mat engem Handicap kënnen am Kader vun hirer alldeeglecher Mobilitéit nëtzlech sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Busarrête ginn et zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi vill Busarrête goufe rollstullgerecht konzipéiert? Wéi vill Bushäisercher si rollstullgerecht konzipéiert?

  3. Wéi vill Busarrêten hei am Land verfügen iwwert ee Bodenleitsystem?

  4. Wéi vill Busarrête verfügen iwwert Fuerpläng, déi och fir Persoune mat visuelle Beanträchtegungen accessibel sinn (zum Beispill, wou de Plang ze héieren oder a Braille-Schrëft affichéiert ass)?

  5. Wéi vill Busarrête stinn ënnert der Responsabilitéit vun de Gemengen a wéi vill ënnert där vum Staat? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4886

Déi ernüchternd Äntwert vun der Regierung fannt Dir hei:

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene