Bauprojet am Zentrum vu Walfer

Zu Walfer kruten d’Bierger.innen ee Flyer vun de Majoritéitsparteie CSV an Déi Gréng ausgedeelt, an deem et iwwert ee gréissere Bauprojet am Zentrum vu Walfer geet. D’Zil vum Flyer ass et, fir d’Bierger ze motivéieren, fir Objektioune géint dëse Bauprojet anzereechen, wëssend, datt ee vum Gemengerot gestëmmte Moratoire betreffend eben dësem PAP souwuel vum Inneministère a vum Verwaltungsgeriicht refuséiert gi war. Beim Flyer fält op, dass en zwar am Numm vun de Parteie publizéiert (a warscheinlech finanzéiert) gouf, et awer net ganz kloer ass, wien an dësem Fall de Sender vum Message ass. Effektiv féiert de benotzte Stil zu Vermëschungen ob elo d’Gemengeverwaltung, de Gemengerot, de Schäfferot oder d’Majoritéitsparteien dës Invitatioun gemaach hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt d’Ministesch et glécklech, dass zwou lokal Sektiounen aus enger Majoritéit ee Communiqué an hierem Numm erausginn, an als Kontaktméiglechkeet d’Gemengesekretariat vun der Gemeng Walfer uginn? 

  2. Wéi eng Reegele muss eng Gemeng beuechten, wann si ee Communiqué erausgëtt? A wéi enger Form dierfe Parteizeechen, Nimm oder Logoen op Communiquéë vun enger Gemeng figuréieren?

  3. Wéi eng Méiglechkeeten huet den Inneministère als Ministère de Tutelle, fir Gemengen oder Sektiounen ze sanktionéieren, déi d’Reegelen net respektéieren?

  4. Wéi verhënnert d’Ministesch, dass Majoritéitsparteien ee Gemengesekretariat fir hier Parteiaarbecht mëssbrauchen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6231

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt